Assemblée générale 2013-02-22

interligne forcé

D’Generalversammlung vun der CSV-Dikrrch war den 22. Februar 2013 am Internat Jos SCHMIT an der rue du Moulin. De Präsident war besonnisch frou fir d’Gäscht aus den Nopeschgemengen ze begréissen, de Jean-Paul SCHAAF, député-maire vun Ettelbréck an den Ali KAES, député-maire vun Tandel. Doniewent waren och de Präsident vum Bezierk Norden, de Charel PAULY an de Sekretär vum Bezierk Norden, de Christophe HANSEN bei eis op Besuch.

interligne forcé

De Paul BONERT huet drop gehalen dem Robert BOHNERT dee 36 Jar laang am Gemengerot war an dovun 6 als Schäffen, speziell fir séng enorm Verdéngschter an de Beräicher Kultur, Kino a Schoulorganisatioun Merci ze soën. De Bouni huet aus senger Erfahrung am Gemengerot – mol an der Majoritéit, mol an der Oppositioun – verzielt an di aktuell CSV-Fraktioun (Paul BONERT, Françoise KERGER a Jacques DAHM) fir hir aktuell Approche vun der Aarbicht an der Oppositioun felicitéiert an encouragéiert sou virunzefueren, da giff sich d’Blat sécher och eng Kéier rëm dréinen.

interligne forcé

Awer och de Jacques DAHM ass fir säi virbildlichen Asaz geéiert ginn. Heen hat am Jar 2008 di schwéier Successioun vum demissionnaire Buergermeeschter iwwerholl. Einfach war et net fir de Jacques, direkt an dat kaalt Waasser ze sprangen a mat 2 Schäffen eens ze ginn déi allebéid hier Naupen an hier eegen Iddien haten. De Jacques war ëmmer disponibel an huet sich och speziell fir d’Iddi vun der Nordstad engagéiert. Op jidde Fall, wann een deemols de Buergermeeschter gesicht huet, dann huet een e fonnt. Haut ass dat net méi wouer.

interligne forcé

Schliisslich huet de Bezierkspräsident Charel PAULY dem Sektiounspräsident Paul BONERT nach fir 25 Jar Aarbicht an der CSV a fir d’Stad Dikrich di sëlwer Spéngel am Numm vum Parteipräsident Michel WOLTER a vum Generalsekretär Laurent ZEIMET iwwerreecht.

interligne forcé

Fir deen administrativen Deel ofzeschléissen krut de Comité – deen iwwrigens fir d’Jar 2013 onveränneret bleiwt – mam Präsident, dem Sekretär an dem Tresorier d’Décharge vun der Assemblée.

interligne forcé

Am politische deel huet de Paul BONERT nach e puer Detailer iwwert di politisch Aktualitéit an Dikrich ginn net ouni  op d’Wichtigkeet vun engem liewigen Internetsite als modernt Kommunikatiounsmëttel z’insistéieren.

interligne forcé

Fir den Owend an engem gemittliche Kader auskléngen ze loossen war nach een Eessen am Hôtel Beau Séjour op der Esplanade um Programm, vun deem mir nach e puer Biller hei hannendru weisen:

interligne forcé

 

 

2013-02-22 CSV-Dk AG 2012 93 of 4Virum Dessert: Jacques DAHM, Chantal WEILER-MAINZ, Michèle WEBER-HEINEN, Lucien WEILER, Marcelle WEILER-ESCH, Jos. WEBER, Bernadette GROSCH-DENBLIJDEN

interligne forcé

2013-02-22 CSV-Dk AG 2012 104 of 4
De Caissier proklaméiert dass d’Caisse vun der Sektioun d’Gedrénks iwwerhëllt: Jules BONERT, Chantal WEILER-MAINZ, Michèle WEBER-HEINEN, Lucien WEILER, Alice FELTEN-LEHNERS, Angèle ERSFELD-ENDRES, Roger ERSFELD, Bernadette GROSCH-DENBLIJDEN

interligne forcé

2013-02-22 CSV-Dk AG 2012 82 of 4Chantal WEILER-MAINZ, Michèle WEBER-HEINEN, Jules BONERT, Lucien WEILER, Marcelle WEILER-ESCH, Alice FELTEN-LEHNERS, Angèle ERSFELD-ENDRES, Roger ERSFELD, Charles FELTEN, Christophe HANSEN, Carlo GROSCH, Bernadette GROSCH-DENBLIJDEN, Jos. WEBER

interligne forcé

2013-02-22 CSV-Dk AG 2012 71 of 4
Chantal WEILER-MAINZ, Michèle WEBER-HEINEN, Lucien WEILER, Jules BONERT, Marcelle WEILER-ESCH, Roger ERSFELD, Charles FELTEN, Christophe HANSEN, Carlo GROSCH, Bernadette GROSCH-DENBLIJDEN

interligne forcé

interligne forcé

Hei fannt Dir de Bericht am Wort vum 26. Februar 2013 vum Armand WAGNER

interligne forcé

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.