Assemblée générale 2015-02-27

 

D’Generalversammlung vun der CSV-Dikrich war dëst Jar den 27. Februar am Festsall vun der Schull hannert der Kierch. De Präsident Paul BONERT konnt niewent dem Deputéierten Ali KAES och d‘Presidentin vun der Ettelbrécker Sektioun, d’ Edmée JUNCKER begréissen.

 

2015-02-27 CSV-Dikrich AG 2014 101

Eis Éieregäscht: D’Presidentin vun der Ettelbrécker Sektioun Edmée JUNCKER an den Nord-Deputéierten Ali KAES

 

 

Als Aleedung huet de Präsident ee politischen Iwwerbléck vum Jar 2014 aus Dikricher Siicht gemaach. De Paul BONERT huet och nach d’Ëffentlichkeetsaarbicht (Groupe rédactionnel, Internet-Site, Facebook-Säit, Op de Punkt, Communiqués de presse) vum Sektiounscomité an di gutt Zesummenaarbicht am Comité de Coordination Nordstad oder CoCoNoS ervirgestrach. 

 

CSV-Dk AG 2014 Cover

CSV-Dikrich AG 2014 (2015-02-27) (format pdf)

 

 

De Jos WEBER huet de Rapport vum Sektiounssekretär gemaach an de Jules BONERT huet dee finanzielle Bilan virgestallt. D’Michèle WEBER an d’Renée GREGORIUS-LECLERC hun d’Caisse kontrolléiert an der Assemblée proposéiert dem Caissier d’Décharge ze ginn. Fir deen administrativen Deel ofzeschléissen krut de Comité mam Präsident, dem Sekretär an dem Tresorier och d’Décharge vun der Assemblée.

 

2015-02-27 CSV-Dikrich AG 2014 102

De Präsident bei sengen Ausféierungen

 

Auteur: Françoise KERGER

De Sekretär Jos. WEBER (R) mécht säi Rappport

 

Auteur: Françoise KERGER

Den Caissier Jules BONERT (L) stellt de finanzielle Bilan vir

 

Sou wi d’Statuten et virschreiwen, sinn nom administrativen Deel d’Sektiounsgremien nach erneiert ginn. Per Akklamatioun sin d’Memberen vum Sektiounskomitee, d’Bezierksdelegéiert an d’Nationaldelegéiert all eestëmmig genannt ginn. An där éischter Sitzung vum neie Komitee den 12. Mäerz 2015 ginn d’Chargen (Präsident, Vizepräsident(en), Sekretär a Caissier) verdeelt an di eenzel Aarbichtsgruppe besat.

 

Als Ofschloss huet den Ali KAES nach e peut Wuert un d’Assemblée geriicht: Heen huet Detalier zum Ausbau vun der Bleesbréck-Kläranlag ginn, an ënnerstrach wi wichtig et ass, di grouss Infrastrukturprojeten op regionaler Basis unzegoën, … an hei huet och ee “Veräin” wi de CoCoNoS eng wichtig Roll ze spillen.

 
2015-02-27 CSV-Dikrich AG 2014 103

 Den Ali KAES bei sénger Usprooch.

 

Fir den Owend an engem gemittliche Kader auskléngen ze loossen war nach een Eessen am Hôtel Beau Séjour op der Esplanade um Programm, vun deem mir nach e puer Biller hei hannendru weisen:

 

2015-02-27 CSV-Dikrich AG 2014 105

L>R: Blanche EILENBECKER, Françoise KERGER, Marco TOUSSAINT, Charel WEILER, Jules BONERT, Jean-Jacques SCHAEFFER, Jos. WEBER, Jacques DAHM, Micheline DAHM-SCHILTGES, Charles FELTENAlice FELTEN, Michèle WEBER

 

2015-02-27 CSV-Dikrich AG 2014 104

L>R: Jean-Jacques SCHAEFFER, Jos. WEBER

 

2015-02-27 CSV-Dikrich AG 2014 106

 L>R: Marco TOUSSAINT, Charel WEILER

 

2015-02-27 CSV-Dikrich AG 2014 107

L>R: Blanche EILENBECKER, Françoise KERGER

 

2015-02-27 CSV-Dikrich AG 2014 108

L>R: Françoise KERGER, Jules BONERT

CSV-DIKRICH_2013 300dpi

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.