Grondsazprogramm 2013-01-31

 

Di grouss Famill vun der CSV hat op eng Gebuertsdagsfeier agelueden; den 31 Januar 2013, op Mamer an de Kinneksbond.

 

Et ass 10 Jar hier, dass de Grondsazprogramm „Jidder eenzelen zielt“ ugeholl ginn ass. D’Erna HENNICOT-SCHOEPGES, fréier Parteipräsidentin, Chamberspräsidentin a Ministesch, de Jean-Louis SCHILTZ, fréiere Generalsekretär, Fraktiounspräsident a Minister, de Marc SPAUTZ, Fraktiounspräsident, de Michel WOLTER, Parteipräsident a fréiere Fraktiounspräsident a Minister a schlussendlich de Premier Jean-Claude JUNCKER hunn alleguer ënnerstrach, dass d’Prinzipien vum Grondsazprogramm vun 2002 och haut nach onverännert aktuell sin an duerchaus als Basis vum politischen Handelen vun allen CSV-Memberen, jiddereen op senger Plaz, kënnen déngen.

 

Dee Programm ass a senger letzter Konsequenz keng einfach oder eidel Floskel. E geet sou wäit, dass d’Ëmsetzung jidderengem un d’Substanz ka goën.

 

Jidder eenzelen zielt !

 

Dat heescht: Ech zielen !
Dat heescht awer och: Mäin Noper zielt.
An doduerch, dass mäin Noper zielt, zielen ech eng Grimmel manner.
Wat der méi zielen, wat ech ëmmer manner zielen.
Besonnisch, wann déi vu mar och haut schonn zielen.
A schliisslich zielen mir all a jiddereen dach nëmmen zesummen !
Ass et wierklich dat wat mir wëllen ?

 

Jo et ass dat, well:

 

Nëmmen esou fanne mir di néidig Solidaritéit, déi mir brauchen fir dat gesellschaftlich Gläichgewiicht ze schafen an deem jidder eenzele seng Plaz fënnt.

 

Nëmmen esou iwwerwanne mir dee leidigen Egoismus, deen eis an deenen aneren d’Liewen zur Hell mécht, well en eis isoléiert an onzefridde mécht.

 

Nëmmen esou bréche mir di fatal Konsum- a Profitsucht, där mir op Käschte vun anere vun haut a vu mar nolafen.

 

Nëmmen esou kréie mir rëm Respekt vum Liewen, vun eisem Liewen, vum Liewe vun deenen aneren a vun all deem, wat eis an deenen anere vun haut a vu mar dat Liewen erméiglicht.

 

 

Nach ass de Sall net voll
Nach ass de Sall net voll …

 

... elo awer.
… elo awer. Hutt Dir de Pit, de Jos., an de Jules vun Dikrich font?  Kuckt mol an der 3. Rei. (Foto: csv.lu)

 

De Premier Jean-Claude JUNCKER ass nach ëmmer eng gefrote Persoun … net nëmme fir d’Fotografen !

 

1. Ronn: Erna HENNICOT-SCHOEPGES (fréier Parteipräsidentin, Chamberspräsidentin a Ministesch), Laurent ZEIMET (CSV-Generalsekretär), Jean-Louis SCHILTZ (fréieren CSV-Generalsekretär, Fraktiouns-präsident a Minister)

 

2. Ronn: Marc SPAUTZ (Fraktiounspräsident), Pierre LORANG (CSV-Generalsekretär adjoint), Michel WOLTER (Parteipräsident, fréiere Minister)
2. Ronn: Marc SPAUTZ (Fraktiounspräsident), Pierre LORANG (CSV-Generalsekretär adjoint), Michel WOLTER (Parteipräsident, fréiere Fraktiounspräsident a Minister)

 

3. Ronn: Julie WIECLAWSKI (CSJ), Jean-Claude JUNCKER (Premier), Pit BOUCHE (CSJ)

 

Jules BONERT (CSV-Dikrich), Pit WINANDY (CSV-Dikrich), Jos. WEBER (CSV-Dikrich), Charel PAULY (Präsident vum Bezierk CSV-Norden)
Jules BONERT (CSV-Dikrich), Pit WINANDY (CSV-Dikrich), Jos. WEBER (CSV-Dikrich), Charel PAULY (Präsident vum Bezierk CSV-Norden)

 

Jules BONERT (CSV-Dikrich), Pit WINANDY (CSV-Dikrich), Jos. WEBER (CSV-Dikrich), Charel PAULY (Päsident vum Bezierk CSV-Norden), Théo KARIER (CSV-Woltz)
Jules BONERT (CSV-Dikrich), Pit WINANDY (CSV-Dikrich), Jos. WEBER (CSV-Dikrich), Charel PAULY (Präsident vum Bezierk CSV-Norden), Théo KARIER (CSV-Woltz)
CSV-DIKRICH_2013 300dpi

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.