On Tour 2012-05-15

Am Kontext vum Premier Jean-Claude JUNCKER senger Ried zur Lag vun der Natioun war de 15. Mee 2012  am CAPe zu Ettelbréck eng  Informatiounsversammlung mat CSV-Ministeren an CSV-Deputéierten. Vill Leit ware komm fir sich e Bild ze maachen iwwert dat wat eis an de nächste Jaren erwaard.

De Charel PAULY, de  Marc SPAUTZ, de Lucien WEILER, de Jean-Paul SCHAAF, den Emile EICHER, den Aly KAES, d’Marie-Josée JACOBS an de Marco SCHANK hunn dem intresséierte Publikum op eng Abberzuel vu Froe mat iwwerzeegendem Fachwëssen geäntwert är de Parteipresident Michel WOLTER am Schlusswuert nach eng Kéier ënnerstrach huet, dass mir net derlaanscht kommen ze spueren an dass jiddereen eng Hand muss mat upaken.



interligne forcé

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.