On Tour 2013-05-06

interligne forcé

Am Kontext vum Premier Jean-Claude JUNCKER senger Ried zur Lag vun der Natioun war de 6. Mee 2013 am Centre Turelbaach zu Mäertzig een Diskussiounsowend mat CSV-Ministeren an CSV-Deputéierten.

Full house !

interligne forcé

De Bezierkspräsident Charel PAULY huet d’Leit begréisst a fir d’éischt emol dem Marie Josée JACOBS mat engem Bouquet Blumme Merci gesot fir 30 Jar am Dengscht un der “cause publique”. Och d’Martine HANSEN krut e puer Blimmercher als Encouragement fir di schwéier Missioun déi si als nei Ministesch fir Héichschoul a Fuerschung erwaart.

 interligne forcé

CSV On tour 2013 - 2013-05-06 @ 18-50-15 - Version 2Charel PAULY (Bezierkspräsident), Marie Josée JACOBS, Martine HANSEN

interligne forcé

CSV On tour 2013 - 2013-05-06 @ 18-53-11 - Version 2Marie Josée JACOBS

nterligne f 

Dee neie Chef vun der CSV-Fraktioun an der Chamber, de Gilles ROTH huet sech virgestallt a mat sengen Ausféierungen eng ganz gutt Impressioun bei de Leit hannerlooss. Och d’Martine HANSEN konnt den Auditoire dovun iwwerzeegen, dass si weess vu wat si schwätzt an dass di nei Ministesch aus dem Norden den Norden ni wäert aus den Ae verléieren.

interligne forcé

CSV On tour 2013 - 2013-05-06 @ 19-10-18 - Version 2Fraktiounspräsident Gilles ROTH

interligne forcé

 

CSV On tour 2013 - 2013-05-06 @ 18-51-35 - Version 2Marco GOETZ war fir d’Moderatioun vum Owend verantwortlich

interligne forcé

D’Leit hu ganz intresséiert nogelauschtert a ganz intressant Froe gestallt. Geäntwert hun d’Marie-Josée JACOBS, de Marco SCHANK, de Gilles ROTH, de Lucien WEILER, de Jean-Paul SCHAAF, den Emile EICHER an den Aly KAES. Dem Marco GOETZ Merci fir seng gefällig Moderatioun vum Owend.

interligne forcé


CSV On tour 2013 - 2013-05-06 @ 18-46-38Martine HANSEN, Marie Josée JACOBS, Marco SCHANK

 interliogne forcé

CSV On tour 2013 - 2013-05-06 @ 18-46-45Marco SCHANK, Ali KAES, Jean Paul SCHAAF

interligne forcé

CSV On tour 2013 - 2013-05-06 @ 18-47-03 - Version 2Emile EICHER, Lucien WEILER

interligne forcé

D’Marie Josée JACOBS huet d’Schlusswuert “geschwatt” an de Leit geroden net op déi ze lauschteren, déi hinnen dat Blot vum Himmel verspriechen an net wësse vu wat si schwätzen: D’Leit verdroen d’Wouricht a brauchen eng klar Sprooch, d’Sprooch vun der CSV. Dee Politiker deen d’Wouricht seet an eng klar Sprooch schwätzt, dee verdéngt a kritt dem Wieler säi Vertrauen a seng Stëmm. Och 2014 !

interligne forcé

CSV On tour 2013 - 2013-05-06 @ 21-02-37 - Version 2
Beim Éierewäin am Centre Turelbaach no der Versammlung

interligne

forcé

CSV-DIKRICH_2013 300dpi

 

 

 

 

 

 

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.