Françoise KERGER

 

EN  OUER  FIR  DI  AARM  A  FIR  DI  SCHWAACH

 

Screen Shot 2013-05-26 at 20.20.16
D’Françoise ass zanter 1978 an der Vereenigung “Pour la Vie Naissante” engagéiert, am Ufank als assistante sociale an elo als bénévole an als Komiteesmember. D’Association “Pour la vie naissante” hëlleft do wou Leit duerch eng onerwënschte Schwangerschaft a Nout geroden, mam Zil dat ongebuerent Liewen ze schützen.

 

 

Screen Shot 2013-05-26 at 20.28.09Fir ze hëllefen, de Leit och konkret ënnert d’Äerm ze gräifen, sammelt d’Françoise doheem (6, rue du Pont 9268 Dikrich) Kannerkleeder bis 3 Jar a Material fir de Baby (Better, Kutschen, …). Wann dir Kleeder oder Material hut, wat an engem gudden Zoustand ass, kënnt dir déi Saache an der Kleederstuff beim Françoise ofginn.

 

 

Screen Shot 2013-05-26 at 22.01.25Während 15 Jar war d’Françoise Member vun der nationaler Ethikkommissioun. Do konnt hat vill ethesch Themen (procréation médicalement assistée, euthanasie, …) verdéiwen: “Déi Erfahrung motivéiert méch fir bei der Petitioun One Of Us Luxembourg mat ze maachen. An där Petitioun verlaange mir, dass eis Steiergelder net fir de Mëssbrauch vu mënschlichen Embryonen egal zu wat fir engem Zweck agesat däerfe ginn. Zu Letzebuerg brauche mir 4 500 Ënnerschrëften.

 

Méi Infos zu deem Thema fannt Dir op <www.oneofus.eu>. Op där Adress oder op <www.vienaissante.lu> kënnt Dir d’Petitioun online ënnerschreiwen, wann Dir dës Initiativ ënnerstëtze wëllt.

 

Als laangjärig Präsidentin vun der Sozialkommissioun an Zesummenaarbicht mat der commission d’intégration huet d’Françoise och <Salz & Brout> an d’Liewe geruff. Dat ass eng kleng Feier déi all Jar organiséiert gëtt, fir di nei Dikricher, déi Leit déi an deem Jar op Dikrich wunne komm sinn, an hirer neier Heemechtsstad ze begréissen a kennen ze léieren.

 

Screen Shot 2013-05-26 at 23.49.29Sozialkommissioun 2010 bei der Visite vum Forum pour l’Emploi an der épicerie sociale

 

Screen Shot 2013-05-26 at 21.56.02Salz & Brout 2009 am Conservatoire National de Véhicules Historiques

 

 

OsNos_1

D’Françoise vertrëtt awer och d’Stad Dikrich am conseil d’administration vum Office social Nordstad (OsNoS) an deem di 6 Nordstadgemengen an d’Gemenge Buurschent, Feelen a Mäertzig zesumme schaffen. “Ech si  frou, dass hei dee soziale Gedanken an di ëmmer méi wichtig regional Approche vun der Gemengepolitik konnte verwierklicht ginn.

 

 

Screen Shot 2013-05-27 at 22.14.05D’Françoise ass och mat Läif a Séil Vizepräsidentin vum Forum pour l’Emploi, eng Beschgäftigungsinitiativ, déi sich duerch eng gutt Gestioun an en performanten Encadrement vu jonke Chômeuren auszeechent: ” Mir gefält beim Forum, dass do konkret Hëllef geleescht gëtt  an dass sou vill Phantasie an all hire Projete stécht, wéi z. B. Klammschoul – Hochseilgarten.

 

 

Fête des voisins 1

Eng aner Manifestatioun ass dem Françoise och un d’Häerz gewuess, d’Nopeschfest: “D’Nopeschfest ass e wichtige Moment fir eist Zesummeliewen an der Strooss an am Quartier. Do maachen ech all Joer a vun Ufank un gäre mat. Et ass e Geste géint d’Anonymitéit an d’Isolatioun an eise Stied. Dat ass mir e perséinlicht Uleies.

 

 

Screen Shot 2014-05-26 at 22.21.39Nopeschfest 2014  an der rue du Pont

 

CSV-DIKRICH_2013 300dpi

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.