E LAANGEN DAG
De Präsident vun der Dikricher CSV-Sektioun Paul BONERT ass den 11. Januar 2013 op der Personalfeier vun der Gemeng fir 25 Jar Aarbicht am Dikricher Gemengerot geéiert ginn.
De Paul ass zanter de Wahle vun 1987 ouni Ënnerbreechung Member vum Dikricher Gemengerot a war als Schäffen vun 2005 bis 2011 besonnisch fir d’Beräicher Kultur a Soziales zoustännig.

Ovatioun fir di nei Gemengeréit vun 1988 am Festsall vun der aler Hotelschull. Vu lénks no rechts: Robert BOHNERT (Schäffen), Marie-Thérèse BOEVER (Buergemeeschter), René STEICHEN (Staatssekretär), Paul BONERT (Konselljee), Jos. EILENBECKER † (Konselljee), Lucien WEILER (Schäffen), Mme Fernande MOLITOR-COSTER †, Mme Blanche EILENBECKER-MEYERS, Mme Marcelle WEILER-ESCH [Foto: Luxemburger Wort, 1988]
De Schäffen Paul BONERT huet ënnert anerem d’Reorganisatioun vum Logement social ëmgesat a war spiritus rector vun de Feierlichkeete vum 750. Anniversaire de l’Affranchissement de la Ville de Diekirch. D’Planung an de Bau vum MH[s]D oder Musée d’Histoire[s] Diekirch an der Béiergaass war och säin Domän.
Visite vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse op Nationalfeierdag 2010. L>R: Jacques DAHM (Buergermeeschter), Grande-Duchesse Maria Teresa, Paul BONERT (Schäffen), Marcel BAULER (Konselljee), Grand-Duc Henri [Foto: Claude DIRKES, Ville de Diekirch, 2010-06-22]
Un der Spëtzt vun der CSV-Fraktioun mecht de Paul zesumme mam Françoise KERGER, mam Robert BOHNERT a mam Charles WEILER seit 2018 eng fair a konstruktiv Oppositiounspolitik am Dikricher Gemengerot. Als Präsident vun der CSV-Dikrich ass et him awer besonnisch wichtig och jonk Leit un der Politik z’intresséieren a fir d’CSV ze gewannen. Eng CSV-Politik déi op chrëschtliche Prinzipie baséiert an op sozial Solidaritéit ausgeriicht ass.
2012 – Personalfeier vun der Dikricher Gemeng, 11. Januar 2013, Al Seeërei. L>R: 1. Rei: Lony THILLEN (Konselljee), Françoise KERGER (Konselljee), Paul BONERT (25 Jar Member vum Gemengerot), Jean POST (25 Jar Aarbichter am Service technique), Betty THILLEN (25 Jar am Service culturel), Astrid MAJERUS-BOURG (25 Jar Infirmière am Altersheim), Georges MEYERS (25 Jar Aarbichter am Service technique/culturel), Léo BORSCHETTE (Pensionéierte Schoulmeeschter), Jos KREMER (Pensionéierte Schoulmeeschter a laangjärigen Delegéierte vum Léierpersonal), Jean LANGERTZ (Pensionéierten Employé am Services industriels), Purificação DE ABREU CORREIA PIMENTA (Pensionéiert femme de charge). 2. Rei: René KANIVE (Schäffen), Claude THILL (Schäffen), Claude DALEIDEN (Konselljee), Claude ANSAY (Konselljee), René BLUM (Konselljee), René LILTZ (Gemengesekretär), Frank THILLEN (Konselljee), Claude HAAGEN (Buergermeeschter), Gérard ROETTGERS (Schoulinspekter), Jean Luc MAJERUS (Konselljee). [Foto: Luxemburger Wort, 2013-01-29, Paul KELTESCH, Service culturel de la Ville de Diekirch, 2013]
Artikel am Wort vum 29. Januar 2013

D’Sue vun sengem “Gebuertsdags”-Cadeau huet den Dikricher CSV-Präsident integral dem Uergelbauveräin Dikrich gestëft an ënnersträicht domat wéi wichtig him och dee Projet vun där neier Uergel an der Dikricher Dekanatskierch war an ass.
Nei THOMAS-Uergel an der Dikricher Dekanatskierch
[bp_10-04-2016]
Well ganz vill Leit de Projet “Nei Uergel” finanziell ënnerstëtzt hun an ënnerstëtzen, konnt di nei Uergel den 10. Abrëll 2016 ganz feierlich ageweit ginn.



