Dikricher Kierchen (Update 2019)

1) Wourëm geet et ?

D’Regierung huet d’Trennung vu Kierch a Staat beschloss. Virum Hannergrond vun enger multi-kultureller a multi-reliéiser Gesellschaft ass dat prinzipiell ze begréissen. 

1.1) Prinzipien

  1. All reliéis Gemeinschafte si gläich ze behandelen.
  2. De Staat däerf keen direkten Afloss op reliéis Gemeinschaften an hier Praktiken hunn.
  3. Reliéis Gemeinschaften däerfe keen direkten Afloss op de Staat, seng Servicer a seng Regelen hunn.
  4. De Staat muss de reliéise Gemeinschaften de fräien Exercice vun hierer Relioun garantéieren.
  5. All reliéis Gemeinschaft muss d’Verfassung respektéieren an di Lëtzebuerger Gesetzer anhalen.
  6. De Staat huet eng Kontrollpflicht vis-à-vis vun de reliéise Gemeinschaften.

1.2) Gesetz

1.2.1. Prinzipien vum Projet de loi a vum Gesetz N° 7037

Mam Gesetz N° 7037 ginn d’Relatiounen tëschent dem  Staat an der kathoulischer Kierch zu Lëtzebuerg geregelt. Am Gesetz N° 7037 ginn et 3 Haaptpunkten:

  1. Et gëtt ee Fong (Fonds de gestion des édifices religieux et autres biens relevant du culte catholique) geschaaft. Dëse Fong iwwerhëllt a geréiert ë. a. d’Kierchen an all anere Besëtz vun de fréiere Kierchefabriken.
  2. D’Kierchefabrike ginn ofgeschaaft (Suppression des fabriques d’église). De Besëtz vun de fréiere Kierchefabriken geet automatisch an de Fong iwwer.
  3. D’Besëtzverhältnisser (Statut de propriété des édifices du culte catholique) vun de Kierchen ginn an der Annexe II gekläert.

Screen Shot 2017-01-12 at 01.17.33

1.2.2. Ënnerscheeder vum Projet de loi a vum Gesetz N° 7037

  1. Am Verglach mam Projet de loi (alen Art. 11 (1)  1er, 2e et 3e alinéa) gesäit d’Gesetz N°7037 (neien Art. 10) an der defintiver Fassung net méi vir, dass d’Besëtz-verhältnisser vun de Kierchen am Virfeld tëschent der Gemeng an der Kierchefabrik kënne per Konventioun festgeluecht ginn. 
  2. Suwuel am Projet de loi (cf. alen Art. 7. (1) 1er alinéa) wéi och an der definitiver Fassung vum Gesetz N° 7037 (cf. neien Art. 6. (1) 1er alinéa) däerf d’Gemeng sich net un de Funktiounskäschte vum Fong bedeeligen.
  3. Suwuel am Projet de loi (cf. alen Art. 7. (1) 1er alinéa) wéi och an der definitiver Fassung vum Gesetz N° 7037 (cf. neien Art. 6. (1) 1er alinéa) kann de Fong vun der Gemeng een Entgelt kréie fir Fournituren oder Leeschtungen déi de Fong fir d’Gemeng geliwwert resp. erbruecht huet.
  4. Wat an der definitiver Fassung vum Gestz N° 7037 (cf. neien Art. 6. (1) 2e alinéa) nei ass am Verglach mam Projet de loi , ass dass de Fong als Besëtzer vun enger Kierch ka Subventionen kréien fir d’Erhalen an d’Verschéinere vum Gebai.

2) Inventar vun den Dikricher Kierchen 

2.1)  Eglise décanale: Eglise Saint-Laurent, Kluuster [bp]

2.2) Vieille Eglise: Eglise Saint-Laurent, Al Dikrich [bp]

2.3) Morgue, Kierficht [bp]

2.4) Chapelle VANNERUS, Kierficht [bp]

2.5) Chapelle DE WAHA – LAEIS, Kierficht [bp]

2.6) Chapelle, Kockelbierg [bp]

2.7) Chapelle, Industriestrooss [bp]

2.8) Chapelle Saint-Martin, Härebierg, Caserne Grand-Duc Jean [cb]

3) Ausgangspositiounen 

3.1) Schäfferot

  1. Di Al Kierch gehéiert der Gemeng.
  2. D’Dekanatskierch geet an de Fong.

3.2) Kierchefabrik

  1. Di Al Kierch gehéiert der Kierchefabrik.
  2. D’Dekanatskierch gehéiert der Gemeng.
Screen Shot 2017-01-12 at 01.22.30

4) Diskussioun am Gemengerot (29.11.2016)

4.1) Propositioune vum Schäfferot

4.1.1) Al Kierch

  1. De Schäfferot behaapt di Al Kierch gehéiert der Gemeng.
  2. Dass de Schäfferot dat behaapt, hällt den Notaire Frank MOLITOR an engem “Acte déclaratif” fest.
Screen Shot 2017-01-12 at 01.27.36

4.1.2) Dekanatskierch

  1. D’Dekanatskierch gehéiert der Gemeng.
  2. Di renovéiert d’Dekanatskierch steet och an Zukunft fir Massen  an aner reliéis Handlungen zur Verfügung.
  3. Dem Projet de loi no gehéiert d’Dekanastkierch an de Fong.

4.2) Positioun vun der CSV-Dikrich

Di Dikircher CSV ass folgender Meenung:

  1. Di Al Kierch an d’Dekanatskierch mussen och an Zukunft fir reliéis a kulturell Zwecker kënne genotzt ginn.
  2. Wann di dual Funktioun vun deenen  zwou Dikricher Kirche garantéiert ass, ass d’Fro vum Propriétaire zweetrangig.
Screen Shot 2017-01-16 at 00.33.00

4.3) Decisioun vum Gemengerot

Zu deem Zäitpunkt wou de Gemengerot folgend Decisiounen (4.3.1, 4.3.2, 4.3.3 an 4.3.4) geholl huet, hat Staaatsrot säin Avis zum Projet de loi N° 7037 nach et ginn an di defintiv Fassung vum Gesetz N° 7037 war deemno och nach net vun der Chamber approuvéiert (cf. Punkt 1.2.2.1.).

4.3.1) Al Kierch

De Gemengerot huet décidéiert, di Al Kierch soll definitiv an de Besëtz vun der Gemeng iwwergoen. Di Al Kierch soll haaptsächlich fir kulturell Zwecker gebraucht ginn. Et kënnen awer och nach Massen an aner Gottesdéngschter an der Aler Kierch gehale ginn.

Screen Shot 2015-07-29 at 01.38.59

4.3.2) SEIFERT-Uergel an der Aler Kierch

D’SEIFERT-Uergel an der Aler Kierch gehéiert seit 2006 der Gemeng déi d’Assurancen an den Entretien ganz iwwerhëllt. Si gëtt vum Conservatoire de Musique du Nord benotzt a steet fir Concerten a reléis Déngschter zur Verfügung.

Arrangement Vieille Eglise pour Séance académique

4.3.3) Dekanatskierch

De Gemengerot huet decidéiert, d’Dekanatskierch soll defintiv an de Fong goen. De Fong soll an Zukunft d’Gidder an d’Funktioune vun de Kierchefabriken iwwerhuelen. D’Dekanatskierch soll haaptsächlich fir reliéis Zwecker gebraucht ginn. Et kënnen awer och nach Concerten an aner kulturell Evenementer an de Dekantskierch organiséiert ginn.

Dk E1 Eglise décanale 200 Extérieur - 2013-06-22 @ 15-03-07_Screen Shot 2016-01-23 at 17.06.03

4.3.4) THOMAS-Uergel

De Gemengerot huet eestëmmig beschloss, dass di nei THOMAS-Uergel an der Dekanatskierch der Gemeng soll gehéieren. An Zukunft sinn dann d’Aassurancen an den Ënnerhalt vun där neier Uergel à charge vun der Gemeng. Si steet fir reléis Déngschter Concerten zur Verfügung a ka vum Conservatoire de Musique du Nord benotzt ginn. Dat kann awer nëmmen den aktuelle Propriétaire vun där neier Uergel, den Uergelbauveräin Dikrich entgültig entscheeden.

recital-chant-orgue-trompette-2-2016-10-30-18-14-10

4.3.5) Aner Kierchen a Kapellen

Di aner Dikricher Kierchen a Kapellen (d’VANNERUS-Kapell, d’DE WAHA-LAEIS-Kapell an d’Morgue um Kierficht, d’Kapellen an der Industriestrooss an am Kockelbierg, d’Kapell um Härebierg) gehéieren der Gemeng, dem Staat oder sinn a Privatbesëtz a sin nët vun der “Loi N° 7037 portant sur la gestion des édifices religieux et autres biens relevant du culte catholique, ainsi que sur l’interdiction du financement des cultes par la commune” betraff.

5) Stand nom Vote vum Gesetz N° 7037

Nom 13. Februar 2018 huet d’Situatioun sich mat der defintiver Fassung vum  Gesetz N° 7037 sou gekläert, dass di zwou Dikircher Kierchen an di zwou Dikricher Uergelen schlussendlich  alle véier an den Hänn vun der Dikricher Gemeng geland sinn. Woubäi d’Propriétéitsverhältnisser vun den 2 Uergelen net direkt vum Gesetz festgeluecht sinn, well SEIFERT-Uergel an der Aler Kierch der Gemeng scho seit 2006 gehéiert an d’THOMAS-Uergel an der Dekanatskierch nom Wëlle vum Uergelbauveräin (UBV), Erbauer a Propriétaire vun der Uergel, soll un d’Gemeng gon.

An der Annexe II (cf. Loi N° 7037 Art. 10.) ginn d’Propriétaire vun den Dikricher Kierchen (Statut de propriété des édifices religieux du culte catholique) sou festgehal:

 

An der Annexe III (cf. Loi N° 7037 Art. 11.) stinn déi Kierchen, déi enger Gemeng gehéieren awer vun der Kiersch selwer als essentielles pour l’exercice du culte catholique betruecht ginn. Dës Kierchen kënnen net ouni den accord  préalable vun der Kierch entweiht ginn. Op där Lëscht steet zwar di Dikricher Dekanatskierch op der Kluuster, awer net di Al Kierch.

5.1) Al Kierch

D’Gemeng ass Propriétaire vun der Aler Kierch.

5.2) SEIFERT-Uergel an der Aler Kierch

D’SEIFERT-Uergel an der Aler Kierch gehéiert der Gemeng.

5.3) Dekanatskierch

D’Gemeng ass Propriétaire vun der Dekanatskierch.

5.4) THOMAS-Uergel an der Dekanatskierch

D’Gemeng gëtt Propriétaire vun där neier THOMAS-Uergel well de Fong drop verzicht a well den Uergelbauveräin, den aktuelle Propriétaire, d’Uergel wëll der Gemeng iwwerloossen.

5.5) Aner Kierchen a Kapellen

Di aner Dikricher Kierchen a Kapellen (d’VANNERUS-Kapell, d’DE WAHA-LAEIS-Kapell an d’Morgue um Kierficht, d’Kapellen an der Industriestrooss an am Kockelbierg, d’Kapell um Härebierg) gehéieren der Gemeng, dem Staat oder sinn a Privatbesëtz a sin nët vun der “Loi N° 7037 portant sur la gestion des édifices religieux et autres biens relevant du culte catholique, ainsi que sur l’interdiction du financement des cultes par la commune” betraff.

 

CSV-DIKRICH_2013 300dpi

 

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.